Attributiounen
De Koordinatiounsservice fir Recherche a pedagogesch an technologesch Innovatioun (Script) gouf duerch d'Gesetz vum 7. Oktober 1993 geschaaft an gouf viru kuerzem duerch d'Gesetz vum 17. Mäerz 2017 restrukturéiert.
De Script ass ee vun den Entwécklungsmotore fir d'Educatioun hei zu Lëtzebuerg. Hien huet als Missiounen d'Promotioun, d'Ëmsetzung an d'Koordinatioun am ganze Lëtzebuerger Educatiounssystem d'Initiativen an d'Recherchen, déi pedagogesch an technologesch Innovatioun viséieren, d'Entwécklung vun der Qualitéit um Niveau vum Educatiounssystem an am Beräich vun der pedagogescher Praxis souwéi d'audiovisuell Dokumentatioun a Produktioun.
Noriichten
-
En neie Léierplang fir d'Grondschoul, fir den Erausfuerderunge vun haut gerecht ze ginn
De 6. Februar 2026 hunn de Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend, Claude Meisch, an den Direkter vum Service de coordination de la recherche et de l'innovation pédagogiques et technologiques (SCRIPT), Luc Weis, den neie Léierplang fir d'Grondschoul ...
-
De Museksunterecht zu Lëtzebuerg gëtt moderniséiert: Reform vum Solfège ab 2026
De Museksunterrecht ass e wichtege Pilier vum lëtzebuergeschen Educatiounssystem. Fir d'Inhalter an d'pedagogesch Approchen ze moderniséieren an un déi aktuell Entwécklungen unzepassen, gëtt eng Reform vum Museksunterrecht op de Wee bruecht, ...
-
Affiche iwwer de Règne vum Groussherzog Henri: Bestellt Äert Gratis-Exemplar
Den 3. Oktober 2025 gëtt de Groussherzog Henri den Troun u säi Jong, den Ierfgroussherzog Guillaume, of. An deem Kontext huet de Service de coordination de la recherche et de l'innovation pédagogiques et technologiques (SCRIPT) ...
Dernière modification le