Koordinatiounsservice fir Recherche a pedagogesch an technologesch Innovatioun // D’Lëtzebuerger Regierung

Attributiounen

De Koordinatiounsservice fir Recherche a pedagogesch an technologesch Innovatioun (Script) gouf duerch d'Gesetz vum 7. Oktober 1993 geschaaft an gouf viru kuerzem duerch d'Gesetz vum 17. Mäerz 2017 restrukturéiert. 

De Script ass ee vun den Entwécklungsmotore fir d'Educatioun hei zu Lëtzebuerg. Hien huet als Missiounen d'Promotioun, d'Ëmsetzung an d'Koordinatioun am ganze Lëtzebuerger Educatiounssystem d'Initiativen an d'Recherchen, déi pedagogesch an technologesch Innovatioun viséieren, d'Entwécklung vun der Qualitéit um Niveau vum Educatiounssystem an am Beräich vun der pedagogescher Praxis souwéi d'audiovisuell Dokumentatioun a Produktioun.